Müller Pneus

Pneuen kafen
einfach gemaach!

PRIVAT
Firma
Leasing
Bestellung & RDV
Fänkt hei un

Pneuen, Felgen a méi

Gitt Är Pneuegréisst an

Weider

Gewënner an der Kategorie Service!

Innovatiounspräis 2022

Exzellenten Service fir Innovatioun am Handwierk ausgezeechent

Méi gewuer ginn
CDM-Innovation

Hiersteller

493 Weider Hiersteller

Eis Servicer

Montéieren

Bei Muller Pneus montéieren a wuchte just ausgebilt Pneuemonteuren Är Pneuen a Rieder op Autoen, Camionnetten, 4x4 a SUV.

Méi gewuer ginn

Reparatur

Muller Pneus mécht all Reparaturen u Pneuen, wa Muller Pneus Iech garantéiere kann, dass déi Plaz, déi vun eis reparéiert ginn ass wéinstens grad sou stabil a sécher ass, wéi de Rescht vum Pneu. Är Sécherheet ass ofhängeg vun eiser Reparatur um Pneu.

Méi gewuer ginn

Pneue botzen

Wann Dir Är Summer- oder Wanterpneue bei eis am Pneuen Depot lagert, bidde mir Iech géint Opräis un, d’Rieder professionell ze botzen. All Rad gëtt bei eis vun Hand gebotzt, well just e Mënsch all Plaz mat Dreck erkenne kann.

Méi gewuer ginn

Kontrollsystem fir de Loftdrock am Pneu

Mir kënne fir all Auto, Camionnette, 4x4 a SUV mat engem Kontrollsystem fir de Loftdrock am Pneu (RDKS oder TPMS) eng 100%-eg Kompatibilitéit ubidden, wat d’Programméieren, d’Aktivéieren an och d’Kalibréieren ugeet. Nëmmen ausgebilt Personal.

Méi gewuer ginn

Lageren

Net nëmme fir Plaz an Ärer Garage ze spueren, mee och fir Ären Auto net onnéideg knaschteg ze maachen an dat lästegt an- an ausluede vun de Rieder ass Grond genuch, Är Pneuen oder Rieder bei eis am Pneuen Depot ze lageren.

En aneren, wichtege Virdeel fir Iech ass, dass mir all Pneu kontrolléieren, fir eventuell Feeler, e Platten oder ze wéineg Profil entdecken ze kënnen. Sou kënne mir Iech am Viraus Bescheed soen, dass Äre Pneu ersat muss ginn.

Méi gewuer ginn

Berodung

Bei der Auswiel vun de passende Pneue, Felgen wéi och RDKS (Reifen Druck Kontrollsystem) stinn Iech eis Verkeefer souwuel an den Atelier’en vun Muller Pneus wéi och telefonesch oder per Mail gären zur Verfügung. Déi richteg Auswiel vun Äre Pneue, Felgen, Rad-Schrauwen, Ventiller an och RDKS-Systemer ass ausschlaggebend fir Är Sécherheet! Bei eis fannt Dir gënschteg an präiswäert Pneuen an Felgen.

Méi gewuer ginn
Nëmmen a Leideleng

Streck Upassung

Spurastellung bei Muller Pneus – Fir Är Sécherheet a Fahrkomfort
Bei Muller Pneus leeë mir grousse Wäert op Qualitéit a Präzisioun. Eis speziell geschoult Matarbeschter këmmeren sech ëm d’Spurastellung vun Ärem Gefier – egal ob Auto, Camionnette, 4x4 oder SUV.
Eng korrekt Spurastellung garantéiert net nëmmen eng méi laang Liewensdauer vun Äre Pneuen, mä och e maximalen Fahrkomfort an héich Sécherheet op der Strooss.
Vertraut eisem Know-how a modernster Technologie fir eng perfekt Ausriichtung vun Äre Rieder a Pneuen.
Perfektioun bei all Dreihung!
Méi gewuer ginn
Nëmmen um Wandhaff

Camions Pneuen

Ihre LKW-Reifen bei Muller Pneus Windhof – Qualität und Sicherheit für Ihre Fahrt
Bei der Auswahl der passenden LKW-Reifen stehen Ihnen unsere erfahrenen Verkäufer gerne zur Verfügung – persönlich vor Ort, telefonisch oder per E-Mail.
Entdecken Sie bei Muller Pneus hochwertige und dennoch preiswerte LKW-Reifen – für Sicherheit und Effizienz auf jeder Strecke! Infos unter: +28 55 55 940 oder truck@mullerpneus.lu
Loading...