ALLGEMENG GESCHÄFTSBEDINGUNGEN

Dir hutt mat Hëllef vun eisen Internetportaler d‘Méiglechkeet, déi Artikel, déi do sti per Internetformular oder iwwer Telefon ze bestellen. Soubal Dir déi Donnéeën, déi vun Iech beim Bestellvirgang verlaangt goufen, uginn hutt an dës Bestellung ofgeschéckt hutt, hutt Dir eis e bannenden Opdrag ginn; Bestellungen iwwer Telefon oder Internet hunn déi selwecht rechtlech Gëltegkeet.

Mat der Bestellung verséchert Dir, dass Dir d’AGB akzeptéiert an dass Dir Är bestallte Wuere kafe wëllt.

Dass mir Är Bestellung kritt hunn, bestätege mir duerch eng Agangsbestätegung; dës Agangsbestätegung ass awer net gläichbedeitend mam Unhuele vun der Bestellung.

Wann Dir déi Wueren, déi Dir bestallt hutt, net bannent 30 Deeg an de Garage siche kommt oder ofschléisst, geet Är Bestellung automatesch un aner Clienteë weider.

De Vertrag ass gëlteg, wann den Artikel ugeholl a bezuelt ass.

Muller Pneus SARL ass eng Pneuegarage. Dohier verschéckt Muller Pneus SARL keng Pneuen, Felgen oder Komplettrieder.

Déi Wueren, déi bei Muller Pneus SARL kaf gi sinn, mussen nom Unhuele vun der Wuer an de Garagë vu Muller Pneus SARL bezuelt ginn.

Well Muller Pneus SARL eng Bezuelzomm just mam Accord vum Kreditversécherer akzeptéiert, muss dëst virun der Bestellung vun de Wuere gekläert ginn.

Dir hutt e Recht dorop, dëse Vertrag bannent véierzéng Deeg ze kënnegen ouni e Grond ze nennen.

Den Delai fir d’Kënnegung vum Vertrag ass véierzéng Deeg, vun deem Dag un, wou Dir oder eng aner Persoun, déi vun Iech ugestallt gouf (déi awer net de Fournisseur ass), d’Wueren ugeholl hutt/huet. Bei enger getrennter Liwwerung, wou d’Wuere vun enger eenzeler Bestellungen eenzel geliwwert ginn, kënnt et op deen Dag un, wou dee leschten Deel vun der Bestellung ugeholl ginn ass.

Wueren déi benotzt gi sinn komplett aus dem Kënnegungsrecht ausgeschloss.
Personaliséiert Wueren oder speziell bestallte Wueren, déi op e Gefier ugepasst sinn, wéi Felgen, sinn aus dem Kënnegungsrecht ausgeschloss.

Fir Gebrauch vun Ärem Kënnegungsrecht ze maachen, musst Dir Är Decisioun, de Vertrag ze kënnege mat enger däitlecher Erklärung (zum Beispill e Bréif, e Fax oder eng E-Mail) matdeelen.

  • Email: info@mullerpneus.lu oder
  • Adress: Muller Pneus s. à r. l. 6a, Duerfstrooss L-6695 Mompach

Fir vun Ärem Kënnegungsrecht ze profitéiere geet et duer, Äre Message, dass Dir Äert Kënnegungsrecht gebrauche wëllt, nach virum Delai fir eng Kënnegung ofzeschécken.

Wann Dir Äre Vertrag mat eis kënnegt, musse mir Iech all Zomm, déi mir vun Iech kritt hunn (dozou gehéiere Liwwerkäschte mat Ausnam vun zousätzleche Käschten, déi ugefall sinn, well Dir eng aner Zort vu Liwwerung, wéi déi gënschteg, déi vun eis ugebuede gëtt, gewielt hutt) direkt a spéitstens bannent véierzéng Deeg, ab deem Dag zeréckbezuelen, wou Äre Message, dass Dir de Kontrakt mat eis kënnege wéilt, agaangen ass.

Fir d’Zomm zeréckzebezuelen, benotze mir déi selwecht Method, wéi Dir bei Ärer Iwwerweisung benotzt hutt, ausser mir hätten eppes aneschters mat Iech ofgemaacht; et gëtt Iech op kee Fall zousätzlech Fraisë wéinst dem Zeréckbezuele verrechent. Bei Wueren, déi Dir laut de Bestëmmungen hei ënnendrënner un eis zeréckschécke musst (z. B.: Accessoirë fir den Auto) kënne mir eis weigeren, d’Zomm zeréckzebezuele bis mir d’Wuere kritt hunn oder bis Dir eis e Beweis virleeë kënnt, dass Dir d’Wueren zeréckgeschéckt hutt, ofhängeg dovunner, wat fir d’éischt geschitt.

Falls d’Wueren, déi un Iech verkaf gi sinn, net méi nei sinn, z.B. wann et e Rad oder eng Felg ass, déi montéiert gouf, musse mir Iech e Mannerwäert vun dëse Wuere verrechnen. Dëse Mannerwäert gëtt nëmme vun de Verkeefer bei Muller Pneus festgeluecht. Servicer, déi beim Zeréckbrenge vun der Wuer gebraucht gi sinn, kënnen Iech net gutgeschriwwen oder rembourséiert ginn.

Mir wëllen, dass Dir mat all eise Liwwerungen zefridde sidd. Dofir kënnt Dir all Artikel, déi Dir bei eis kaaft, bannent 30 Deeg, ouni e Grond ze nennen, zréckginn. Dëst Verspriechen ass méi generéis, wéi déi gesetzlech Bedingungen, well vum Gesetz hier, hutt Dir just zwou Wochen nom Unhuele vum Artikel fir de Verkafsvertrag ze kënnegen.

Falls d’Wueren, déi un Iech verkaf gi sinn, net méi nei sinn, z.B. wann et e Rad oder eng Felg ass, déi montéiert gouf, musse mir Iech e Mannerwäert vun dëse Wuere verrechnen. Dëse Mannerwäert gëtt nëmme vun de Verkeefer bei Muller Pneus festgeluecht. Servicer, déi beim Zeréckbrenge vun der Wuer gebraucht gi sinn, kënnen Iech net gutgeschriwwen oder rembourséiert ginn.

Mir behalen eis den Eegentum un sämtlechen vun eis geliwwerten Artikelen vir, bis all eis Fuerderungen géint Iech oder géint deejéinegen, deen den Artikel ugeholl huet, erfëllt sinn. Dëst gëllt och fir zukünfteg optriedend Fuerderungen. Den Eegentumsvirbehalt erlaabt eis also d'direkt Erausginn vun den Artikelen, ënnert Ausschloss vun allem Recht d'Saachen zeréckzebehalen, ze verlaangen, et sief dann, et handelt sech em rechtskräfteg festgestallt oder onbestridden Géigenuspréch.
D'Internetsäiten ginn an der jeeweils vun eis fir gutt befonnt Gestaltung ugebueden. Mir versécheren net, datt d'Internetportaler ären Ufuerderungen entspriechen an zu jidder Zäit ouni Ёnnerbriechung, zäitgerecht, sécher an feelerfräi zur Verfügung stinn. D'Benotzen vun den Internetportaler erfollegt op ären eegenen Risiko; mir iwwerhuelen ganz besonnesch keng Haftung fir d'Resultater, déi duerch d'Benotzen vun den Internetportaler erzielt ginn an fir d'Richtegkeet fir déi am Kontext vun den Internetportaler erhalen Informatiounen.
D'Informatiounen aus eisem Felgen-Konfigurator, sinn ouni Garantie.
D'Texter, Biller, Geräischer, Grafiken, Animatiounen an Videoen sou wéi hier Unuerdnung op eisen Internetsäiten ënnerleien dem Schutz vum Gesetz iwwer d'Urheberrecht an aneren Schutzgesetzer. Der Inhalt vun dëser Internetsäit däerf net kopéiert, verbreet, verännert oder Drëtten zougänglech gemaach ginn. Verschiddener vun eisen Internetsäiten enthalen ausserdeem Biller, déi dem Urheberrecht vun Drëtten ënnerleien. Souwäit et net anescht uginn ass, sinn all Markenzeechen op eiser Internetsäit markenrechtlech geschützt. Duerch eis Internetsäit gëtt keng Lizenz fir d'Benotzen vum geeschtegen Eegentum vun eis oder Drëtten erdeelt.
Beim Umellen musst Dir Donnéeën zu ärer Adress an Persoun maachen, déi mir fir Iech späicheren wäerten. Selbstverständlech kënnt Dir dës Donnéeën bei der Bestellung oder och spéider änneren loossen. Béid Parteien vum Kontrakt kënnen ären Benotzerkont zu all Zäit an ouni Grënn kënnegen. An deem Fall wäert Muller Pneus ären Benotzerkont afréieren.
Et gëllt ausschliisslech d'Recht vun Lëtzebuerg.

Wann Är Felgen net an hirem ursprénglechen Zoustand sinn (nei oder nei lackéiert, souwéi foléiert oder poléiert Felgen), haften mir nit fir den Schued, déi wärend Rad- / Pneu, Montage suwéi beim Wuchten oder Riederwäscht ensteet.

1) Mir iwwerhuelen déi uewen opgelëschten Artikel vum Client an verwahren des fachgerecht fir eng Saison.

2) Den Verwahrungsoptrag get Saisonal ofgeschloss. Dëst bedeit, dass den Optrag järlech 2x erstellt muss gin.

3) Gin déi gelagerten Artikel net spéitstens no 9 Méint ofgeholl, gëtt elo schonn vereenbaart, dass eng weider Verwahrungsgebühr vun 46€ an Rechnung gestallt gëtt. Sollt des Gebühr net innerhalb vun 60 Deeg nom Ausstellungsdatum beglach sinn, behalen mir eis d'Recht vir, gelagerten Artikel ze entsuergen. Een Asproch op en Ersat besteet net.

4) Déi gelagerten Artikel kennen ëmmer erëm ofgeholl gin, een Usproch op eng Réckerstattung vun der Verwahrungsgebühr besteet net.

5) Mir garantéieren, dass d'Alaagerungen mat gréisster Suergfalt duerchgefouert ginn. All weider Haftung ass ausgeschloss.

6) Mat der Ennerschreft gëtt bestätegt dass d'Felgen an d'Pneuen uerdnungsgemäss an ouni zousätzlech Mängel iwwerginn sinn. Domat gëllen des als vum Client ofgeholl. Mullerpneus haftet net fir nodréiglech festgestallten Mängel. Een Rechtswee ass domat ausgeschloss.

7) Bei der Abgabe vun enger Alaagerung vun Felgen/Pneuen, bewëllegt dier, dass mir des an engem Aussenlager deponéiert hunn. Mir weisen ierch dorop hin dass mir minimum 2 Deeg brauchen vir déi gewënschten Montage/Abholung an bieden iech dofir ëmmer em een Rendezvous.

Loading...