8, rue Edmond Reuter
LU-5326 Contern
 (+352) 28 55 55 200
 contern@mullerpneus.lu
7, z.a. Um Lenster Bierg
LU-6125 Junglinster
 (+352) 28 55 55 300
 junglinster@mullerpneus.lu
33, am Petz
LU-9579 Weidingen (Wiltz)
 (+352) 28 55 55 400
 wiltz@mullerpneus.lu
43, rue Charles Kieffer
LU-8389 Grass
 (+352) 28 55 55 500
 grass@mullerpneus.lu
Méindes - Freides
08:00-19:00
Samschdes:
08:00-12:00
 
Méindes - Freides
08:00-19:00
Samschdes:
08:00-12:00
 
 
 

Muller Pneus – Är Garage fir Pneuen ze montéieren mat engem Onlineshop

Häerzlech wëllkomm op de Säite vu Muller Pneus. Ären iwwersiichtlechen a zouverlässege Pneueservice. Mir si gären Äre Partner fir Pneuen, Felgen a Komplettrieder zu Lëtzebuerg. Mir hunn déi beschte Marken am Sortiment, wéi Goodyear, Dunlop, Bridgestone, Continental, Michelin, Pirelli, Hankook mee awer och méi bëlleg Pneue vu ville verschiddene Marken aus dem Low-Budget-Beräich.

An eisem Onlineshop fannt Dir ausser Pneuen och Stol- an Aluminiumsfelge vun 13 bis 23 Zoll. Dir kënnt déi passend Felge fir Ären Auto aussichen a dono weise mir Iech all déi Pneuen, déi derbäi passen, als Komplettrieder, déi vum SNCT zougelooss ginn. Pneuen a Felge kënnen ënnerenee kombinéiert ginn. An eisem online Felgen-Konfigurator kënnt Dir Iech déi Felgen, déi Dir ausgesicht hutt, op Ärem Auto vun alle Säiten ukucken.


Muller Pneus – a Wierder an Zifferen

Muller Pneus ass de Spezialist fir Pneuen a Felge fir all Auto, Camionnette, 4x4 a SUV.

D’Sécherheet vun eise Clienten ass eis besonnesch wichteg! Fir Feeler beim Montéiere vu Pneuen ze vermeiden, ginn all Mataarbechter vu Muller Pneus extra fir d’Berodung an och d’Montéiere vu Pneuen ausgebilt.

Am Ament schaffen 9 Verkeefer bei Muller Pneus, déi Iech eng professionell Pneuen- a Felgeberodung ubidden.

28 Mataarbechter an der Garage montéieren Är Rieder fachgerecht a halen Är Waardezäit sou kuerz wéi méiglech.

Muller Pneus huet e Lager vun iwwer 10000m², dofir kënne mir Pneuen a grousse Menge bei eise Fournisseure bestellen, fir sou déi bescht Präisser op d’Pneuen an d’Felgen ze kréien. Doduerch kënne mir och vill verschidde Gréissten u Pneuen op Lager hunn, sou dass mir keng Liwwerzäite fir d’Ersetze vun ofgenotzte Pneuen hunn.


Eis Servicer

Montéieren

Bei Muller Pneus montéieren a wuchte just ausgebilt Pneuemonteuren Är Pneuen a Rieder op Autoen, Camionnetten, 4x4 a SUV.

Reparatur

Muller Pneus mécht all Reparaturen u Pneuen, wa Muller Pneus Iech garantéiere kann, dass déi Plaz, déi vun eis reparéiert ginn ass wéinstens grad sou stabil a sécher ass, wéi de Rescht vum Pneu. Är Sécherheet ass ofhängeg vun eiser Reparatur um Pneu.

Pneue botzen

Wann Dir Är Summer- oder Wanterpneue bei eis am Pneuen Depot lagert, bidde mir Iech géint Opräis un, d’Rieder professionell ze botzen. All Rad gëtt bei eis vun Hand gebotzt, well just e Mënsch all Plaz mat Dreck erkenne kann.

Kontrollsystem fir de Loftdrock am Pneu

Mir kënne fir all Auto, Camionnette, 4x4 a SUV mat engem Kontrollsystem fir de Loftdrock am Pneu (RDKS oder TPMS) eng 100%-eg Kompatibilitéit ubidden, wat d’Programméieren, d’Aktivéieren an och d’Kalibréieren ugeet. Nëmmen ausgebilt Personal.

Lageren

Net nëmme fir Plaz an Ärer Garage ze spueren, mee och fir Ären Auto net onnéideg knaschteg ze maachen an dat lästegt an- an ausluede vun de Rieder ass Grond genuch, Är Pneuen oder Rieder bei eis am Pneuen Depot ze lageren.

En aneren, wichtege Virdeel fir Iech ass, dass mir all Pneu kontrolléieren, fir eventuell Feeler, e Platten oder ze wéineg Profil entdecken ze kënnen. Sou kënne mir Iech am Viraus Bescheed soen, dass Äre Pneu ersat muss ginn.

Berodung

Bei der Auswiel vun de passende Pneue, Felgen wéi och RDKS (Reifen Druck Kontrollsystem) stinn Iech eis Verkeefer souwuel an den Atelier’en vun Muller Pneus wéi och telefonesch oder per Mail gären zur Verfügung. Déi richteg Auswiel vun Äre Pneue, Felgen, Rad-Schrauwen, Ventiller an och RDKS-Systemer ass ausschlaggebend fir Är Sécherheet! Bei eis fannt Dir gënschteg an präiswäert Pneuen an Felgen.